Den Hond staamt vum Wollef of, dofir ass B.A.R.F. - Biologesch artgerecht réit Fudder, déi natierlechst Art Äre Mupp ze ernären. Den Hond ass vu Natur aus e Fleeschfriesser a Fleesch- oder Fëschproteinne verdaut en am beschten. Ausserdeem sinn Innereien, Blutt a Schanken wichtege Bestanddeel vun der Hondsernärung. De grousse Virdeel vum barfen: Dir kënnt déi Saachen zesummemëschen déi Dir wëllt an onerwënschte Zutaten ewéi z.B. Getreide ewechloossen.
Eist B.A.R.F.-Sortiment bitt Iech all Facetten vun der Réifidderung, ob vill lecker Fleeschzorten, appetitlech Kauartikelen, gesond Uebst a Geméis oder wichteg Nahrungsergänzungsmëttelen. Probéiert et aus, Äre Mupp wäert B.A.R.F. gär hunn!