Vill Hënn si geplot mat Allergien, Hautproblemer, Niereproblemer oder sin immens sensibel. Dofir ass déi richteg Fidderung den A an O, fir datt Äre Mupp erëm gesond gëtt oder zumindest d'Problemer agedämmt kënne gin. Bei esou Problemfäll ass d'Zesummesetzung vum Fudder besonnesch wichteg.
Mir bidden Iech net nëmmen eng spezifesch Auswiel u Spezialfudder un, mee och déi passend Berodung. D'Gesondheet vun Ärem Mupp läit eis um Häerz, dowéinst wëlle mir zesumme mat Iech, déi beschtméiglech Alternativ fir Ären Hond eraussichen.