Ornithologen a Biologen roden ëmmer méi dacks op eng Ganzjoresfidderung ëmzesteigen, well d'Liewensraim vun de Vullen sech stänneg veränneren an déi natierlech Fudderauswiel vu Joer zu Joer manner gëtt. Trotzdeem bléift besonnesch d'Wanterzäit, Fidderungszäit. Bei ongënschtege Wiederkonditiounen wéi Schnéi an Äis fannen eis einheimesch Villercher kaum Fudder a freeë sech op e gutt gedeckten Desch am Vullenhaischen.
Mir bidden Iech eng komplett Gamm un héichwäertegen Stree- a Fettfudderen, proteinräiche Staangen a Knödel, fir dass Dir Äre Villercher déi gréisstméiglech Ofwiesslung kënnt bidden an hinnen entspant beim Friessen kënnt nokucken.