Déi richteg Ernärung ass immens wichteg a leescht een entscheedende Bäitrag zum Wuelbefanne vun de Vullen. Et sollt een op d'Vullerass Uecht ginn, well d'Gréisst vun de Kären, wéi och d'Mineralien genau ofgestëmmt sinn. Dobäi kënnt, dass et eng artgerecht Ernärung si muss, déi och esou an hirem natierleche Liewensraum unzetreffen ass.
Entdeckt eist grousst Sortiment un héichwäertegem Vullefudder, passend fir all Rassen. Egal ob normalt Allengfudder oder rassespezifëscht Spezial- oder Zuuchtfudder, bei eis fann Dir alles fir Är Villercher optimal ze ernären.